,

Wiessel un der Spëtzt vum Photo-Club Ettelbréck

Wiessel un der Spëtzt vum Photo-Club Ettelbréck

De Photo-Club Ettelbréck deelt mat dass op senger Uerdentlecher Generalversammlung vum 25 Mäerz 2022 hire President de Fernand Grasges no 22 Joer un der Spëtzt vum Photo-Club aus senger Funktioun zeréckgetratt ass. Hie krut vum Comité, vun de Memberen, vun der Gemeng a vun der Federatioun e grousse Merci gesot fir seng gutt Aarbecht iwwert Joerzéngten fir d’Fotografie am Allgemengen a fir de Photo-Club am Speziellen. De Comité huet him den Titel als Éierepresident zoukomme gelooss. De Fernand hannerléisst e Veräi mat 100 Memberen an enger gesonder Finanzsituatioun.

 

Um Enn vun der Versammlung sinn awer och nach folgend Membere  vun der Federatioun geéiert ginn, an zwar de Marco Brachtenbach an den Harry Daemen mat der Gëllener Spéngel HonFLPA, a weider d‘Membere Claude Dording, Roland Gengler, Guy Hoffmann a Guy Kneip mat der Sëlwerspéngel SFLPA.

 

   
 
  Et feelt de  Roland Gengler

E puer Deeg méi spéit a senger Comité Versammlung vum 31 Mäerz 2022 ass een neie President nominéiert ginn, dëst an der Persoun vum Philippe Zirnheld. De Photo-Club vun Ettelbréck gëtt aktuell vun engem Comité aus 9 Membere gefouert.