Mëllechstrooss fotograféieren
-
WannDonnerstag 24.07.2025 23:45 - Freitag 25.07.2025 02:00
-
TypClubaktivitéiten
-
TeilnehmerAktive Mitglieder
-
Text
Mir gi Mëllechstrooss fotograféieren an dat de 24. Juli em Mëtternuecht, dat awer nëmme bei klorem Himmel.
Hei e puer Detailer vum Guy.
An der Nuecht vum 24. ass Neimount also relativ däischter, den Himmel muss awer kloer sinn.
Leit solle matbréngen:
Stativ, Objektiv am Beschten 16mm 2,8 oder nach méi liichtstaark
Eng Kappluucht oder Täscheluucht am Beschte mat enger rouder LED
En Astrofilter wann disponibel (muss awer net onbedéngt sinn)
Virraussichtlechen Treffpunkt de 24 Juli um 23h45 hei:
https://maps.app.goo.gl/LjWnvCKJ8ZqN65d3A
Dat ass op der Streck wann e vun Mertzig Richtung Merscheid (bei Eschduerf) fiert. Et si 14 km vun eisem Clublokal.
Parke bei der Scheier oder an engem Säitewee virun der Scheier ass kee Problem
E puer Informatiounen zur Astellung vun der Kamera:
Manuelle Fokus a manuell Astellungen vun Zäit, Blend an ISO
Stabi ausschalten
Live View fir op e Stär scharf ze stellen.
Langzäitrauschunterdrückung ausschalten
ISO 2000 - 3600 (probéieren)
Zäit 20 - 25 Sekonnen (probéieren)
Wann alles korrekt agestallt ass maache mer eng Serie vu Biller (z.B. 12 Biller) déi mer dann duerno mat enger Software zesumme setzen a verschaffen.
Milchstrassenzentrum sichtbarer Abschnitt 25.07 um 00h18 bis 02h30