Invitatioun fir Brainstorming/Iddi-Austausch

  • Wann
    Donnerstag 01.10.2026 19:30 - 22:00
  • Ort
    Clublokal
  • Typ
    Clubaktivitéiten
  • Teilnehmer
    Aktive Mitglieder
  • Text

    Léif Memberen,

     

    De Comité vum Photo-Club Ettelbrëck invitéiert iech häerzlech op eng weider Brainstorming-Sëtzung, fir zesummen Iddien ze sammelen vir eis zukünfteg Clubaktivitéiten.

     

    Mir wëllen erausfannen,

    – wat fir Atelieren, Sortien oder Themen iech am meeschte géifen interesséieren,

    – an allgemeng, wéi mir de Club och an Zukunft dynamesch a lieweg hale kënnen.

     

    Bréngt gär är Iddien, Virschléi an och Kritiken mat – all Meenung zielt!

    Mir freeën eis op eng flott Diskussioun.

     

    Déi, déi net kennen deelhuelen, kennen hir Suggestiounen och schrëftlech rareechen.