> Zurück

Sortie photographique Moulin Dieschbourg

Wann: Donnerstag 20.09.2018 18:00-22:00
Typ: Clubaktivitéiten
Ort: Echternach - Moulin Dieschbourg
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Mir fueren op Iechternach an de 'Moulin Dieschbourg' wou mir eng eemoleg Geleeënheet kréie fir an der Millen däerfen ze fotograféieren. (Merci dem Carlo Weyrich deen dëst organiséiert huet).

Dëse Clubowend fänkt dofir och schonns um 18h00 un mat Depart zu Ettelbréck beim Club. Mir brauchen zirka 1 Stonn bis op Iechternach.

Fir déi Membere wou direkt dohinner kommen ass de r.d.v. um 19h00 op der Plaz.

Et ass wichteg dass der iech fir dës Sortie umellt. Sot eis och w.e.g. ob dir vun Ettelbréck aus matfuert oder direkt op Iechternach kommt.

Fir déi Leit déi eventuell méi spéit nokomme sollen dëst och mat uginn an och Zäit wéini dass se ongeféier do wären.

 

     

   

    

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)