> Zurück

Sortie photographique Eislék

Wann: Donnerstag 09.05.2019 06:30-14:00
Typ: Clubaktivitéiten
Ort:
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Mir profitéieren vun deem neie Feierdag fir eng gemeinsam Sortie Richtung Breidfeld (Breedelt) an der Gemeng Weiswampech ze maachen déi de Guy Kneip organiséiert huet.

Fir vun der gudder Luucht ze profitéieren ass den Depart beim Club um 6h30.

Fir déi Leit wou direkt op d'Plaz fueren ass de r.d.v. um 7h00.

Mëttes besteet d'Méiglechkeet fir um Cornelyshaff Eppes zesummen iessen ze goen.

Hei fennt een de Link vum Autopedestre dee mer geplangt hun:

De Wee ass zwar wallonéiert mee et sinn net wierklech steil Passagen dran. En ass ugin matt eppes méi wéi 7 km, mee tëschent Breedelt an Lausduer kann een de Wee ofkierzen, da wäerten et der em 5 km sin.

Mir géifen zu Breedelt fortgoen. Parken kann een iwwerall am Duerf.

Um 14h30 ass eng Visite vum Flussperlmuschel Projet op der Kalber Millen geplangt. Fotoen kann een do ronderem bestemmt och nach maachen.

Hei nach e Link fir de Projet vu Kalber: https://www.unio.lu/aktuelles/news/22109/

Sech w.e.g fir dës Sortie umellen an matdeelen ob een mat iesse geet, Visite matmecht respektiv op een  vum Club aus matfiert oder direkt op d'Plaz kennt.

Merci.

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)