Best of LNF 2020
Leif Memberen vun de Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn Et ass esou wäit, wëll mir aus bekannte Grënn fir 2020 keng Ausstellung konnte maachen, weisen mir eis Biller online. Vun haut un kenn dir Fotoen ënnert dësem Link kucken.
https://www.kunstmatrix.com/en/letzebuerger-naturfoto-frenn
Dir start de Rondgang an dem der op dat klengt Bild an der Mëtt klickt.De Moment kann dir „ Start Guided Tour“ wielen an et geet automatesch duerch d'Expo. Wëll dir ee Bild méi lang betruechten kenn dir uewen riets op Paus drécken, an duerno op déi dräi waagerecht Strëcher, da geet Palette op mat alle Kommandoen an mat Restart geet et weider.
De Bedreiwer vun der Plattform Kunstmatrix recommandéiert, Firefox oder Google Chrome. Hei leeft och alles op Safari, also keng Angscht. Sot och äre Frënn a Bekannten déi Freet mat der Fotografie hunn bescheet andeem dir de Link weider schéckt. Mir freeën eis och iwwert eng kléng Réckmeldung op info@lnf.lu vun iech! Ausstellung ass bis den 30.Abrëll online!