De Club

1938 huet sech eng kleng Equipe vu Passionnéierten zesummefonnt, fir de Photo-Club d'Ettelbruck ze grënnen.

Méi spéit, am Joer 1949 stung de PC-E als een vun de Grënnungsmëmberen mat un der Wéih vun der FLPA (Fédération Luxembourgeoise des Photographes Amateurs).

D'Haaptaktivitéite vum PC-E sinn zum engen d'Clubowender, déi all zweet Woch Donneschdes sinn.

Dann déi traditionnel PhotoExpo Ufank Dezember.

De Salon des Ardennes, dee mir zesumme mat de Kollege vun den aneren Nordveräiner organiséieren souwéi och Aktivitéiten mat anere Fotoclib. Weider maache mir och regelméisseg Ausflich, sief et fir selwer dobaussen ze fotograféieren, oder fir Ausstellungen doheem an am Ausland kucken ze goen.

 Eise Studio

D'Membere vum Club kënne vun engem gudd ékippéierte Studio mat professionneller Blëtzanlag, verschiddenen Hannergrënn, enger portabeler Blëtzanlag a performantem elektronesche Material wéi Computer, Scanner, A2-Foto-Drocker, Beamer, asw. profitéieren.